Am Kader vun „Seniore fir Seniore“ sicht déi staatlech Initiativ BEE-SECURE Senioren, déi aktiv um Projet „Silver Surfer – Seniore sécher am Internet“ wëlle mattschaffen.
Gesicht gi Senioren déi:
- gutt Computer- an Internet-Kenntnisser hunn,
- sech wëlle weiderbilden,
- Zäit a Loscht hunn, fir Konferenzen ze ginn.
Ugebuede ginn:
- gratis-Formatioune vu Sécherheetsexperte vu BEE-SECURE,
- regelméisseg Reunioune mat den Experten,
- Informatiounsmaterial a Support fir d’Konferenzen.
Intresséiert? Da mellt Iech op: info@silversurfer.lu